The Horse Blinders
The Horse Blinders
Music
Teaser (Live)
Hierken oder Mettwurscht
Catherine
Haal de Mond
Kinnek vum Facebook
Concerts
click on event
[add_eventon_list number_of_months=”12″ hide_so=”yes” hide_end_time=”yes” hide_empty_months=”yes”]
PAST SHOWS
2023[add_eventon_list fixed_year=”2023″ event_order=”ASC” event_count=”3″ number_of_months=”5″ fixed_month=”7″ hide_empty_months=”yes” ]
OFFICIAL VIDEO
– OUT NOW! –
THE HORSEBLINDERS
Wann d’Selma duerch deng Dreem geeschtert, wann s du net weess, ob s du dech fir Hierken oder Mettwurscht entscheede solls a wann s du ee Selfie mam Thierry van Werveke an der Täsch hues, dann ass alles kloer: The Horse Blinders sinn an der Stad!
De Roger Melcher an de Roland Meyer vun de Winklepickers, de Jacques Bock vun de Crossroads, de Ronald Mullenders vun Dapple Rose an de Mulles Scholtes vun de Convertibles zerwéieren een erfrëschend sprëtzege Mix de Lux vum Allerfeinsten:
knallege Pop, säftege Blues an zolitte Rock op Lëtzebuergesch: witzeg, lëschteg, satiresch a kabarettistesch Texter, aus dem Liewe gegraff, vun der Long op Zong! Wien do net wibbeleg gëtt ass selwer Schold.
The Horse Blinders, fënnef gestanen al wäiss Bouwen, déi wësse wat se maachen an déi wëssen, wéi se hire Publikum zum Lauschteren, zum Laachen an zum Danze kréien. Cheers!
THE HORSEBLINDERS
Wann d’Selma duerch deng Dreem geeschtert, wann s du net weess, ob s du dech fir Hierken oder Mettwurscht entscheede solls a wann s du ee Selfie mam Thierry van Werveke an der Täsch hues, dann ass alles kloer: The Horse Blinders sinn an der Stad!
De Roger Melcher an de Roland Meyer vun de Winklepickers, de Jacques Bock vun de Crossroads, de Ronald Mullenders vun Dapple Rose an de Mulles Scholtes vun de Convertibles zerwéieren een erfrëschend sprëtzege Mix de Lux vum Allerfeinsten: knallege Pop, säftege Blues an zolitte Rock op Lëtzebuergesch: witzeg, lëschteg, satiresch a kabarettistesch Texter, aus dem Liewe gegraff, vun der Long op Zong! Wien do net wibbeleg gëtt ass selwer Schold.
The Horse Blinders, fënnef gestanen al wäiss Bouwen, déi wësse wat se maachen an déi wëssen, wéi se hire Publikum zum Lauschteren, zum Laachen an zum Danze kréien. Cheers!
Blues De Lux
Ass et fir ee Stéck säftege Blues, e schaarfe Rock’n Roll, eng gutt ofgehaange Ballad oder och ee frëschen a liichte Maufel Popmusek? D’Horse Blinders hunn alles am Programm, an nach vill méi!
Wëllt dir zwou Stonnen duerchdanzen an iech gutt ameséieren? Näischt méi einfach wéi dat! Wëllt dir iech interessant a onerwaart Arrangementer schmaache loossen? Bei den Horse Blinders sidd der richteg! Wëllt dir lëtzebuergesch Texter mat enger Portioun Witz, vill Humor an enger ganzer Rëtsch Wouerechten genéissen? Da kommt onbedéngt bei “The Horse Blinders” a loosst iech zerwéieren.
De Jacques Bock, de Roger Melcher, de Roland Meyer, de Ronald Mullenders an de Mulles Scholtes kache beileiwe keng Waasserzëppchen, mee ee perfekte 4-Stäre-Menu, dee keng Wënsch opléist, mat Hits wéi “Hierken oder Mettwurscht”, “D’Buurschter Plage”, “Iwwert d’Huttschnouer” a “Komm sich däi Krëppeng”.
An all déi, déi es net genuch kréien, kënnen deen neien CD am Doggy Bag mat Heem huelen “… an nach ee schéinen Dag”!
The Horse Blinders … wann et soll spruddelen!